Eise Veräin gouf 1898 zesumme mat de Pomjëen gegrënnt. Deemols hu vill vun eise Membren als Arbichter op de Leekollen zu Uewermaartel geschafft. An hirer Fräizäit si si zesumme koum fir mateneen ze musizéiren och fir beim Patt deen een oder aaneren Brand ze läschen. Sou as dun de Veräin vu Musik a Pompjëe zu Stann komm.

1932 hu sich awer dun d’Wéër vun deenen 2 Veräiner getrennt an d’Musik as als eegestännigen Veräin ennert dem Numm „Société de Musique St. Lambert Perlé“ gegrennt gin. Den éischten Dirigent war deemols den Här Michel Goudembourg; den éischten President war den Här Jean-Pierre Evrard. Dat Joer gouf och dem Veräin säin éischten Fändel ageweiht.

1938 huet d’Musik fir de musikalischen Encadrement bei de Festivitéiten vum 40- jährigen Bestouën vun de Leekollen vun Uewermaartel gesuergt.

1940 as de Veräin der Union Grand-Duc Adolphe beigetrueden.

1959 as de Camille Rodenmacher am Alter vun nemmen 16 Joer als Dirigent op d’Pult geklomm, wat deemols fir vill Opreegung gesuergt huet, well wat sollt sou ee jonke Spunt scho vu Musik verstoën…..Dëse jonke Spunt huet dun dat selwicht Joer och d’Solfège Couren iwwerholl wou och fir d’éischte Kéier Meedercher derbäi waren. De Camille sollt de Posten als Dirigent behaalen bis 2003.

Di éischt Uniformen krut de Veräin 1963. 1973 gouf zesumme mat de Pompjéën de 75. Jubiläum gefeiert.

Eise Veräin war dann och dacks am Ausland ënnerwee, sou gouf zum Beispill 1975 di éischt Concertsrees op Waldenbuch organiséiert, op Invitatioun vun der lokaler Stadtkapelle mat der éis Musik eng langjährig Frëndschaft geschloss huet di bis haut besteht.

1983 as et dun an Eisträich op Nüziders gang, op Aluedung vun der „Sonnenberger Harmoniemusik Nüziders di mer zu Waldenbuch kennegeléiert haaten.

1988 huet di Päreler Musik hiren 90ten Anniversaire geféiert an zu der Geléënheet si mer fir zweet bei d’Kollegen op Waldenbuch gefuer. 6 Joer mi spéit sin si dun och bei  éis op Pärel op Besuch komm.

1989 huet éise Veräin Lëtzebuerg bei der Sendung „Singendes, klingendes Dreiländereck“ vum Saarländische Rundfunk vertrueden.

1991 haate mer éisen éischten grousse Galaconcert, moderéiert vum Maggy Molitor an dem Rudy Rübel. Zenter her spille mer all Joers op Ouschterdag éisen traditionellen Galaconcert, dee säit 2004 ennert dem Numm „Imagine“ présentéiert get.

Zesumme mat de Päreler Pompjéën hu mer 1998 eisen 100ten Anniversäire geféiert.

Dat Joer drop huet éisen Dirigent de Camille Rodenmacher seng 40 Joer Dingscht als Chef vun der Päreler Musik gefeiert.

2003 war dun de Dirigenteweesel an den Georges Antony  huet den Job als Dirigent iwwerholl an de Camille Rodenmacher oofgeléisst. De Georges leet ganz vill Wert op Jugendaarbicht an huet och säit 2003 rem e Jugenensembel opgebaut, waat eise jonke Musikanten natirlich immens vill Spass mecht. Den éischte grousse Concert ennert der Leedung vun éisem neier Dirigent war Ouschterdag 2004 ennert dem Motto „Imagine…Soloists in Concert“.

Eisen neie Musiksall gouf 2004 ageweiht, no deene lange Renovatiounsarbichten hu mer eis all gefreet rem ennert éisem eegenen Daag prouwen ze kënnen.

2005 ware mer zu Bitburg um Folklorefestival derbäi fir Lëtzebuerg ze vertreeden.

2007 huet eis Musik um Fréilichttheater „De Schieferpoopst vun Uewermaartel“ vum Jeannot Nehrenhausen matgewierkt a fir dee musikalischen Encadrement vun dem Spektakel gesuert.

Dat selwicht Joer ware mer dun och zenter langem rem an d’Ausland am Cader vun enger Concertsrees ennerwee. Dës Kéier gung d’Rees an de Schwarzwald op Lossburg an Alpirsbach.

2008 hu mer eisen 110. Anniversaire gefeiert.

D’Joer 2010 haate mer dann rem een zimlich gudd gefëllte Program. Fir 2. Kéier hu mer, zesummen mat eise Kollegen aus der Bungerefer Musik, matgewiekt um Frailiichtspektakel „De Bruddermärder vu Bungeref“, och aus der Feeder vum Jeannot Nehrenhausen.

Dat selwicht Joer hu mer och eng Concertsrees op Alpirsbach gemeet fir dou Lëtzebuerg um Hopfenfest ze vertreeden.

Highlights 2012 waren eise Concert Imagine ennert dem Motto „ Music meets Comedy“ an d’Austausch Visite vun der Musik vu Kalmthout aus der Belsch, dei mer 2 Deeg op Besuch haaten, an hinnen Stadt a Land gewiesen hun.

An esou sin d’Joeren vun eisem Veräin an d’Land gezun, an elo schreiwe mer schon 2013.

 

 

JSN Epic template designed by JoomlaShine.com